Memorial page of Yaisa

Yaisa
Deng Léift héiert ni op! Si huet sech just verännert a begleed mech weider …
dog [Kind der Liebe]
Published on 09/16/2026 by Michèle Feil
Supervised by: ROSENGARTEN-Tierbestattung Filiale Trier

Léift Yaisa, Du wars e Mupp, wéi een e just eemol am Liewe geschenkt kritt. 15 Joër a 4 Méint hues Du trei mäi Liewe begleed, beräichert an op Deng ganz eege Manéier méi hell gemaach. Du wars eng Stäip a menge schwieregsten Zäiten an eng Frëndin, op déi ech ëmmer konnt zielen. Merci fir all eis gemeinsam Abenteuer, fir Däi Vertrauen, fir Deng Léift, fir Däin Optimismus a fir déi vill, vill Erënnerungen, déi haut main Häerz wiermen a gläichzäiteg briechen. Du feels mir ganz vill. Nach méi grouss wéi meng Trauer ass meng Dankbarkeet. Als Welpche matt Pickzännercher hues Du mäin Häerz deemols ratzfatz eruewert … an Du hues et ni méi verlooss. All déi Jore bass Du ëmmer viru mir gebëselt. Sou ass et och haut. Gréiss all déi, déi virun Dir gaange sinn. Ech denken un Iech all an droën Iech a mengem Häerz. Mir gesinn eis erëm … 🌈🐾💜
Book of condolence
24 Visits, 0 Comments and 2 Roses
Comments
No comments have been left here yet. Leave a few words for Michèle and Yaisa.
Roses

Ein ❤️ für Yaisa!
On 09/16/2026

Michèle
On 09/16/2026