Memorial page of Eolia

Image from Eolia

Eolia

Published on 07/03/2014 by J-M

Ech ka mech nach genau erënneren weis du dech op mäi Schouss geluet hues, wou mir eis nach keng Minutt kannt hunn. An direkt do geschlof hues. Et war Léift op den éischte Bléck, ech woen ze behaapten géigesäiteg. Vläicht huet och einfach mol eng Kéier een sech op de Buedem bei dech gesat an net just vun uewen erof gekuckt. Du hues schonn esouvill misse matmaachen, has schonn vill wéi, an et hunn vill Leit sech vill emt dech gekëmmert. Dat hues du och verdéngt. Hoffentlech war däin läschte Accident kuerz an ouni Péng, well där has du schonn genuch. Leider hues de net genuch Zäit ouni verbruecht, well elo bass de no knapps zwee Joer schonn nees fort, fir ëmmer. Du kenns ni méi an d'Bett bei d'Féiss leien sou dat een sech net méi gedréint kritt. Du sträifs ni méi emt d'Been wanns de hongereg bass an engem dann de wee bei den Napp weis deen een jo nach net kennt. Du kenns ni méi ënnert decken op de Bauch leien wou ech bis haut net weess wei een do Loft kritt. Du gees dech ni méi mam Noper senger Kaz streiden wous du deng grouss Krallien un dengen schéinen Tigerpattien kanns weisen. An ech weess bis elo net wou aus sou engem zaarten Déierchen kann sou en déift Gegrommels kommen. Du setz ni méi an der Dämmerung einfach d'Landschaft ze kucken. Du läis ni méi um Réck do wann de Papp heemkënnt fir datt en der direkt kann de Bauch minuttelaang kraulen. Am Himmel schéngt bestëmmt vill d'Sonn wous de däin Bauch kanns draleeën, an et ginn bestëmmt vill Këschten wous de kanns dra schlofen an dech verstoppen. Léift Eolia, du waars fir mech e Liewewiesen wéi et der net vill ginn. Ech weess net ob jeemools een wärt un dech erukommen. Wei ech den Owend hei souz, hunn ech festgestallt dat ech hei wous du mat mir geplënnert bass, am Fong nach ni wierklech alleng war. Bis elo. Ech wärt dech ni vergiessen. Mau

Book of condolence

904 Visits, 1 Comment und 8 Roses

Comments

Daniela von den paradiesischen Azoren 🤍 mit Kimabelura im Paradies

Comment from 05/30/2026

Picture of a rose

Wussten Sie, dass ich manches Mal in den frühen Morgenstunden aufwache um zu kondolieren? Mir imponieren die Eremiten, die in Höhlen in der Wüste leben und nicht solche, die Millionen von Besuchern haben 🐫🦙🌵🐐 (https://www.arte.tv/de/videos/104809-002-F/afrika-von-oben/ (Äthiopien) (der Film ist nur eine begrenzte Zeit zu sehen) Habe auf Rosengarten-Gedenkportal keine Webseite und ich kenne hier niemanden FÜR DIE WUNDERBARE KATZE UND FREUNDE (FAMILIE) 🤍 FÜR ALLE TIERE DIESER ERDE (für Gott ist jedes Tier einzigartig) ER kennt jeden Spatz, der vom Himmel fällt Joh 3,16 Denn so hat Gott die Welt geliebt, dass er seinen einzigen Sohn gab, damit jeder, der an ihn glaubt, nicht verloren geht, sondern ewiges Leben hat. 1Mo 7,15……Und sie (die Tiere) gingen zu Noah in die Arche, je zwei und zwei von allem Fleisch, in dem Lebensodem war. Die Arche ist ein Bild für den Himmel Lebensodem wurde vom Schöpfergott in’s Antlitz eines jeden Lebewesens geblasen. …so atmen wir im Himmel weiter… Im Himmel ist der lebendige Gott Gott weiß wann Sie zum Glauben kommen oder gekommen sind und ER weiß wann Sie beten - auch für Ihre Tiere. So hat Gott auch für sie gesorgt, bevor Sie gebetet haben

Condolence image of Daniela von den paradiesischen Azoren 🤍 mit Kimabelura im Paradies

Roses

condolence.roseImgAlt

Rosengarten-Sterne Team

On 07/03/2024

condolence.roseImgAlt

Rosengarten-Sterne Team

On 07/03/2023

condolence.roseImgAlt

Rosengarten-Sterne Team

On 07/03/2022

condolence.roseImgAlt

Rosengarten-Sterne Team

On 07/03/2021

condolence.roseImgAlt

Rosengarten-Sterne Team

On 07/03/2020

condolence.roseImgAlt

Rosengarten-Sterne Team

On 07/03/2019